D'Rue Laurent Menager am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg féiert als Verlängerung vum Pafendaller Bierg laanscht de Schreinescheck, duerch d'Eecher Paart, ënnert der Rouder Bréck erduerch a laanscht de Pafendaller Foussballsterrain bis bei den Eecher Bierg. D'Strooss krut den Numm vum Laurent Menager (1835 - 1902), engem lëtzebuergesche Musekspedagog, Dirigent, Komponist an Organist deen am Pafendall gebuer gouf. Den éischten Deel vun der Strooss, vum Pafendaller Bierg bis bei d'Bréckergaass gëtt och nach Ieweschtgaass oder Pafendaller Wee genannt, offiziell housch deen Deel Eicherpfortstraße. Vun der Bréckergaaass un a Richtung Norden heescht d'Strooss am Volleksmond Eecher Gaass.
Developed by StudentB